De Wëllefchen an de Fiisschen
Edmond de la Fontaine
„Fiisschen, Fiisschen,
ech hu näischt z’iessen,
Fiisschen, Fiisschen,
ech muss dech friessen …“
Eng al Seechen, nei a Reime gesat vum Dicks – a verspillt op d’Bün bruecht als musikalesche Figurentheater vun Toile Si-Re.
De Wëllefchen an de Fiisschen vum Edmond de la Fontaine ass ee vun den eelsten a beléiftste Klassiker aus der Lëtzebuerger Kannerliteratur. De Charme vum ale Lëtzebuergeschen an de Gebrauch vu Wierder, déi haut bal oder scho ganz an de Vergiess gerode sinn, loossen eis dem Dicks säi Schalk op Schratt an op Tratt spieren.
Als éischt Produktioun vun Toile Si-Re steet De Wëllefchen an de Fiisschen um Ufank vun der gemeinsamer Aarbecht vum Annick Sinner an Nadine Kauffmann. Haut gëtt de Spektakel an zwou verschiddene Versioune gespillt.
Déi ursprénglech Büneversioun
Déi éischt Inszenéierung vum Wëllefchen an de Fiisschen ass fir d’Theaterbün entstanen. Mat engem eegene Bühnen- a Liichtkonzept, Handpoppen a Musek entsteet ronderëm dem Dicks säin Originaltext eng ganz eegen Theaterwelt. Dës Fassung brauch eng Theaterbün mat der entspriechender Liichttechnik.
Déi mobil Versioun
D’Iddi fir déi mobil Versioun ass aus de positiven Erfarunge mat der Maus Kätti entstanen. Bei de ville Virstellungen an Alters- a Fleegeheemer, an Zesummenaarbecht mat der Fondation EME, huet Toile Si-Re erlieft, wéi vill Erënnerungen dem Auguste Liesch säin Text bei de Leit opliewe léisst. Oft hu si hiert eegent Buch mat an d’Virstellung bruecht – dat Buch, dat si schonn als Kand an der Schoul haten.
Doraus koum d’Iddi, och De Wëllefchen an de Fiisschen bei d’Leit an d’Heiser ze bréngen. Sou ass eng mobil Inszenéierung entstanen, déi ouni richteg Theaterbün a speziell Beliichtung auskënnt – an an där alles an den Auto passt.
Dem Dicks säin Originaltext bleift integral erhalen a gëtt mat nei komponéierter an arrangéierter Musek a bekannten ale Lëtzebuerger Lidder verbonnen, déi – am léifsten – all zesumme gesonge ginn.
An de Wollef?
Eng Fro zitt sech duerch béid Versiounen: Ass de Wollef dann elo wierklech esou geféierlech – oder dach awer net?
Beim Dicks ass d’Saach eigentlech kloer. Bei Toile Si-Re awer vläicht e bëssen anescht …
Informatiounen
Dauer: 45 Minutten
Alter: ab 10 Joer
Sprooch: Lëtzebuergesch
Handpoppen, Häkelaarbechten, Bühnendeko & Fiisschen: Annick Sinner
Musek – Kompositioun, Arrangement a Spill & Wëllefchen: Nadine Kauffmann
Mise en scène: Martine Conzemius
Foto: Tom Wagner
Produktioun: Toile Si-Re a.s.b.l.