Tolo & Scoia
Toile Si-Re
…wann zwee sech streiden,
freet sech den Drëtten…
Zwee Kaweechelcher, e Sträit an e puer Iwwerraschungsgäscht – eng Geschicht, déi bewosst einfach bleift. Keng schnell Billerwiessel, keng spektakulär Effekter. Dofir vill Pabeier, Schéier a Faarwen, vun Hand gemoolte Biller, déi verréckelt a beweegt ginn. Alles entwéckelt sech live virum Publikum – roueg, gräifbar, mat vill Léift fir den Detail an enger ganz eegener Raffinesse.
„Back to Basics“ ass dobäi net nëmmen e Motto, mee eng kloer Haltung. D’Geschicht reiht sech an „Semplice – Back to Basics“, déi nei Concerts-Rei vun Toile Si-Re, an. Echt Handaarbecht steet dobäi am Mëttelpunkt: gräifbaart Material an d’Beweegen, d’Tässelen, d’Schneiden, d’Pechen an d’Verwandele vu Pabeier. Eng Aluedung fir nees wouerzehuelen, wéi vill een aus einfache Saachen eraushuele kann – an dat ouni techneschen an elektroneschen Opwand. Leinwand, Kamera a Beamer vergréisseren dobäi just, wat vun Hand entsteet.
Wéi en eegenen Erzielfloss leet sech déi zur Geschicht komponéiert Musek iwwert déi projezéiert Biller. De Saxophon lieft duerch eng besonnesch Klangsprooch, opgebaut op de Modi vum Olivier Messiaen. Friem an iergendwéi och net, virwëtzeg an iwwerraschend, verbënnt d’Musek sech ganz selbstverständlech mat de Biller a gëtt Deel vun hirer Welt.
Tolo & Scoia ass déi zweet Kreatioun aus der Serie „Semplice – Back to Basics“.
Audio
Text
Informatiounen
Dauer: 30 Minutten
Alter: ab 3 Joer
Sprooch: ouni Sprooch
Konzept a Geschicht: Annick Sinner & Nadine Kauffmann
Biller a Live-Animatioun: Annick Sinner
Kompositioun a Spill / Saxophon: Nadine Kauffmann
Bléck vu baussen: Esther Conter
Produktioun: Toile Si-Re a.s.b.l.
Koproduktioun: Kulturhaus Niederanven, Fondation EME & Coopérations Wiltz
Mat der Ënnerstëtzung vum Kulturministère