Nadine Kauffmann
D’Nadine Kauffmann ass Saxophonistin, Pedagogin a Kënschtlerin. Zënter méi wéi drësseg Joer verbënnt si an hirer Aarbecht kënschtleresch Exigenz a Pedagogik. Besonnesch interesséiert si, wéi Musek Raim schafe kann, an deene Léieren, Austausch a perséinlech Entwécklung méiglech ginn.
Si huet zu Lëtzebuerg (Guy Goethals), Bréissel (Alain Crepin), Enschede (Arno Bornkamp) a Stroossbuerg (Philippe Geiss) studéiert. Zënter 2001 ass si Saxophonsprof am Escher Conservatoire.
Am Laf vun hirer Carrière huet si op ville Plazen an Europa an an den USA gespillt. Si huet mat lëtzebuergeschen an internationalen Orchesteren zesummegeschafft a war als Solistin, Kammermusekerin a Gaaschtmusekerin aktiv. Si huet och eng Rei CD-Opname realiséiert.
Mat de Joren ass nieft hirer Aarbecht als Saxophonistin d’Entwécklung vun eegene kënschtlereschen, pedagogeschen a kulturelle Projeten ëmmer méi wichteg ginn. D’Aarbecht fir a mat engem jonke Public spillt dobäi eng zentral Roll. Am Escher Conservatoire huet si verschidden Initiativen an d’Liewe geruff, dorënner d’Grondschoulbroschure an d’Solla Mimido.
Haut verbënnt hir kënschtleresch Aarbecht Interpretatioun, Kreatioun an interdisziplinär Projeten. Si steet ënner anerem mat Toile Si-Re op der Bün, engem Duo, an deem Zeechnung, Figurentheater an original Musek zesummekommen. Si schafft reegelméisseg mat der Fondation EME zesummen an huet mat D’Gëlle Fraen eng Formatioun gegrënnt, déi sech vun der Musek aus den 1920er Joren inspiréiere léisst.
Donieft engagéiert si sech am Lëtzebuerger Kulturliewen. Si ass e.a. Member vum Aarbechtsgrupp vun der Luxembourg Saxophone Association, Presidentin vun der Association des enseignants vum Escher Conservatoire a Member am Comité vun Dalcroze Luxembourg.
Si ass Grënnerin vun Addendum, engem Raum fir Kreatioun, Austausch, Léieren a Kollaboratioun. Aktuell bitt si Formatiounen an individuell Begleedung fir Museker an Enseignanten aus dem Grand-Duché un a schafft mat der Luxembourg Philharmonic Academy zesummen.