D’Maus Kätti

Auguste Liesch

D’Maus Kätti sëtzt bei hirem Lach
zu Biermereng am Feld;
„Wéi schéin, denkt se, ass d’Liewen dach, wéi gutt ass ’t op der Welt.“

Wien kennt se net, dës Ufankszeilen aus dem Auguste Liesch senger Maus Kätti? 1936 verëffentlecht, entwéckelt sech d’Geschicht séier zu engem richtege Lëtzebuerger Klassiker fir Grouss a Kleng. Mat vill Fangerspëtzegefill geléngt et dem Auguste Liesch, déi berüümt Fabel vum Aesop vun der Land- an der Stadmaus an e Lëtzebuerger Kontext ze setzen.

D’Maus Kätti lieft um Land a kritt enges Daags Besuch vun hirer Kusinn Mim aus der Stad. Wärend d’Kätti sech a sengem einfachen a rouege Landliewe wuel fillt, kann d’Mim deem net vill ofgewannen. Et invitéiert d’Kätti an d’Stad, wou eng ganz aner Welt op hatt waart. Beandrockt vum Luxus a vun allem, wat d’Stadliewen ze bidden huet, decidéiert d’Kätti, säin aalt Liewen hannert sech ze loossen an an der Stad ze bleiwen. Mee wéi d’Liewen esou spillt, lafen him zum richtege Moment den Tunn an d’Munni iwwert de Wee …

Informatiounen

Dauer: ca. 35 Minutten
Alter: ab 5 Joer
Sprooch: Lëtzebuergesch

Handpoppen, Accessoiren, Bühn & Kusinn Mim: Annick Sinner
Musek – Kompositioun a Spill / Sopransaxophon & Maus Kätti: Nadine Kauffmann
Mise en scène & Luuchtekreatioun: Martine Conzemius
Kostümer: Toile Si-Re
Foto: Annick Henricy

Produktioun: Toile Si-Re a.s.b.l. op Commande vum Kulturministère

„Wat mécht mech a mengem Ënnersten wierklech frou – a wou gehéieren ech hin?“