Lice & Semp

Toile Si-Re

Aus schwaarzer Tënt a Schnëppele Pabeier entsteet dem Lice an dem Semp hir Welt. Deenen zwee Personnagen hir Geschicht gëtt live gemoolt an op eng Leinwand projezéiert. Ënnermoolt gëtt dat Ganzt vun enger sphärescher, poetescher, meditativ-elektronescher Musek um Keyboard.

D’Opféierung ass ouni Sprooch. Et sinn ausschliisslech d’Biller an d’Musek, déi „schwätzen“, déi erzielen an alueden, an d’Rou ze kommen, ze dreemen an ze genéissen.

Aus wéineg eppes Schéines maachen, an der Einfachheet bleiwen. Dat ass d’Devise vu „Semplice – Back to Basics“, der neier Concerts-Rei vun Toile Si-Re. Lice & Semp ass déi éischt Geschicht aus dëser Serie.

Eng Geschicht iwwer Frëndschaft.

Informatiounen

Dauer: 30 Minutten
Alter: ab 3 Joer
Sprooch: ouni Sprooch

Konzept, Geschicht an Zeechnen: Annick Sinner
Konzept, Geschicht a Musek: Nadine Kauffmann
Konzept, Geschicht an Devising: Martine Conzemius
Bléck vu baussen: Milla Trausch
Foto: Lynn Theisen

Produktioun: Toile Si-Re a.s.b.l.
Koproduktioun: Centre culturel Schungfabrik
Mat der Ënnerstëtzung vun der Gemeng Käl-Téiteng an dem Kulturministère