Annick Sinner
D’Annick Sinner ass Illustratorin, Pedagogin a Kënschtlerin. An hirer Aarbecht verbënnt si Illustratioun, Figurentheater a Szenografie an entwéckelt dobäi eng ganz eegen visuell Sprooch. Zënter 1998 schafft si an der Éducation précoce. Hir laang Erfarung mat jonke Kanner fléisst dobäi ëmmer nees an hir Aarbecht an.
Zënter 2002 schafft si och als Kannerbuchillustratorin an huet mat enger Rei Auteuren zesummegeschafft, dorënner de Jean-Paul Endrée, de Guy Rewenig, d’Irma Krauß, de Michel Clees an d’Mady Durrer.
2010 kënnt de Wonsch dobäi, Geschichten och iwwer d’Buch eraus lieweg ze maachen. Fir eng éischt lëtzebuergesch Adaptatioun vum Klassiker Routkäppchen entwéckelt si d’Bünebild, d’Figuren an déi visuell Gestaltung vum Spektakel. Domat fënnt och de Figurentheater ëmmer méi seng Plaz an hirer Aarbecht.
Als Member vum Kënschtlerkollektiv MASKéNADA illustréiert si 2016 De Flöck, en Text vum Mady Durrer. Ënnert der Regie vum Dietmar Blume entwéckelt a baut si d’Figur vum Haaptpersonnage a spillt se selwer op der Bün. Fir de Projet De sëlwer-roude Rack, deen am Kader vum interaktive Parcours E roude Fuedem duerch de roude Buedem am Ellergronn entsteet, entwéckelt si d’Illustratiounen a verschidde szenografesch Elementer.
Aktuell ass si vun der Éducation précoce detachéiert a schafft am Musée FERRUM zu Téiteng. Do entwéckelt si kënschtleresch a pedagogesch Projete fir Kanner a schafft un der Gestaltung vun Ausstellungen an Aktivitéite fir e jonke Public.
Hir éischt Zesummenaarbecht mam Nadine Kauffmann geet op de Stuedtheater zeréck, wou si zesummen un De Ramplassang vum Edmond de la Fontaine (Dicks) schaffen. 2017 grënne si den Duo Toile Si-Re. No den éischten Adaptatioune vu Lëtzebuerger Klassiker entwéckele si mat der Serie Semplice – Back to Basics eng nei kënschtleresch Richtung ouni Sprooch, an där Bild a Musek gläichberechtegt matenee dialogéieren. Lice & Semp an Tolo & Scoiaentstinn an dësem Kader.
Zu hiren anere Kreatiounen an Zesummenaarbechte gehéieren ënner anerem Mir feelt eppes, D’Prinzessin op der Ierz, Däumelinchen mam Tohu-Bohu Theater a Schneewittchen. 2020 grënnt si wärend dem Lockdown zesumme mat hirem Mann, dem Museker Eric Falchero, de YouTube-Kanal Schkabetti. Hei publizéiere si 20 Lidder, Gedichter a Geschichte fir Kanner.